Ministre de la Culture & Ministre délégué au Tourisme 🇱🇺

Schieren
Joined October 2019
5. Ech wéilt an dësem Moment vun der Trauer senger Famill a senge Frënn mäin häerzlecht Bäileed ausdrécken.
3
194
4. De Bezuch zu Woltz war him besonnesch wichteg an hien hat duerch seng Aktivitéit als Museker een nohaltegen Impakt op déi regional Kultur. De Pascal Alff gouf tragesch aus dem Liewe gerappt.
1
2
213
3. Nieft senger Aktivitéit als Frontmann vun der Punk-Band Weakonstructioun huet de „Pascal vu Wooltz“ och mat sengem akustesche Solo-Projet perséinlech Akkzenter gesat.
2
223
2. Vu senge Kolleeg/inne aus der Musek gouf hie geschätzt fir seng oppen an éierlech Aart a Weis, fir seng Solidaritéit an d‘Bereetschaft aneren ze hëllefen.
2
141
1. De Pascal Alff war iwwert 20 Joer am lokale Punkmilieu aktiv an huet sech mat vill Passioun fir d‘Musekszeen zu Lëtzebuerg an de Wuel vun der Gesellschaft agesat.
3
158
2/2 - 2021 hat hie schonn de Gëllene Bier mat enger lëtzebuergescher Koproduktioun gewonnen! Eng weider wichteg Auszeechnung, déi de lëtzebuergesche Kino op d’Weltkaart setzt! 🇱🇺🎥
1
4
234
1/2 🎬 Felicitatiounen un de rumänesche Regisseur Radu Jude an de Lëtzebuerger Produzent Paul Thiltges : Dem Radu säin neie Film "Kontinental ‘25" koproduzéiert vu Paul Thiltges Distributions, gouf op der 75. Berlinale mam Sëlwer Bier fir beschte Scénario ausgezeechent 🏆
1
4
581
Elo grad kréie mer d’Nouvelle, datt de Michel Medinger verstuewen ass. Ech denke fir d’éischt u seng Famill, där ech mäin opriichtegt Bäileed ausdrécken. Ech denken awer och un eis Kulturzeen, déi en immens produktiven & engagéierte Kënschtler & feine Kolleeg verléiert.
1
3
263
Pour les 70 ans de la Convention culturelle européenne @CoE_fr, @eric_thill a rappelé lors de la conférence "No culture↔️no democracy" le rôle clé de la culture & de la liberté d'expression artistique comme éléments essentiels de toute démocratie vivante, libre & plurielle. ©coe
1
1
11
508
Mam Marie-Paule Von Roesgen verléiert d'Lëtz. Kulturzeen hir "grande dame", eng aussergewéinlech Schauspillerin an eng immens generéis Persoun. Als Enseignante a Mentorin huet si ville jonke Kënschtler/innen hiert Kënne weiderginn. Mäin opriichtegt Bäileed fir hir Famill a Frënn
2
261
Et war mir eng Freed, fir op der 35. "Konferenz über die gewerkschaftliche Zusammenarbeit in Europa (KGZE)" zum Thema "Der Mensch im Mittelpunkt" ze schwätzen. 👇🧵
1
1
171
A genee deen Dialog hale mir zu Lëtzebuerg och mat eisem Sozialmodell héich. D'Gewerkschafte sinn en essenzielle Pilier dovunner. Si sinn d'Stëmm vun den Aarbechter/innen an onverzichtbar fir de Sozialdialog.
2
1
116
Gläichzäiteg geet et och ëm d'Chancen an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft. Eppes ass kloer: De Mënsch soll a muss am Mëttelpunkt stoen.
91
Et ass op Konferenze wéi dëser, wou d'Gewerkschaften hir europäesch Zesummenaarbecht stäerken a fërdere kënnen. Hei ginn nei Iddien entwéckelt, fir den Aarbechtsmarché nach méi gerecht an inklusiv ze maachen.
63
Et war mir eng grouss Freed, fir den @alain_berset , Generalsekretär vum @coe , fir eng bilateral Reunioun z'empfänken. 1/3
1
2
4
607
E konstruktiven Echange iwwer d‘Prioritéiten vun der lëtzebuergescher Presidence vum Conseil de l'Europe: 👉d'Bedeitung vun der Kultur fir d’Demokratie an Europa an d’Identitéit vu sénge Bierger 👉déi wichteg Plaz vun der Kultur an der Arbecht vum Conseil de l’Europe 2/3
1
2
115
👉 d'kënschtleresch Fräiheet als essentielle Pilier vun demokratesche Gesellschaften Et freet mech, fir de Conseil de l’Europe mat enger Contribution volontaire z’ënnerstëtzen, an dass mir dës Themen als Kulturministère och iwwert d’Présidence eraus aktiv ënnerstëtze wäerten 👍
2
85
Mam “Foxe Fern” verléiere mer ee vun onse bekanntste Schauspiller. De Fernand Fox war am moderne Lëtzebuerger Theater, am Film & am Fernseh aktiv. Hien huet d’Leit virun allem duerch säin Talent als Komiker begeeschtert. Ech drécke senger Famill a Frënn mäin déifste Bäileed aus.
1
3
261
Grandios! Den Tom Habscheid, Mataarbechter  am Centre National de l'Audiovisuel, wënnt d'Bronzemedail am Bommstoussen. BRAVO & GRATULATIOUN! 🙌👌🥂
5
291